Ëmfro iwwert d'Kommunikatioun vun der Gemeng Stengefort
#mirsistengefort Kommunikatiounsstrategie vun der Gemeng Stengefort
Am Kader vun der Entwécklung vun hirer Kommunikatiounsstrategie mécht d’Gemeng Stengefort eng Ëmfro fir méi iwwert d’Bedierfnesser a Wënsch vun hire Bierger a punkto Kommunikatioun vun Themen an Neiegkeeten am Zesummenhang mat der Gemeng gewuer ze ginn.
D’Gemeng wëll och méi iwwer d‘Interesse vun de Bierger un der Gemengepolitik gewuer ginn, fir ze verstoen, wéi si d’Bierger méi aktiv abanne kann, an esou d‘Informatiounen, déi aus dëser Ëmfro erfaasst ginn, an hir Kommunikatiounsstrategie integréieren.
Andeems Dir un dëser Ëmfro deelhuelt, kënnt Dir aktiv d'Mesure beaflossen, déi am Kommunikatiounsplang vun der Gemeng ëmgesat solle gi fir den Zougang zu Informatioun ze beräicheren an ze erliichteren, an dofir ze suergen, datt d'Stengeforter Bierger weider déi relevantst Informatioun kréien (iwwert ëffentlech Déngschtleeschtungen, Aktivitéiten, etc.).
All Awunner aus der Stengeforter Gemeng ass invitéiert un dëser Ëmfro deelzehuelen. D'Ëmfro ass anonym a gëtt vertraulech behandelt. D'Informatiounen, déi an dësem Questionnaire gesammelt ginn, sinn néideg fir eis Ëmfro, déi d'Informatiounsbedürfnisser, d‘Wënsch vun de Bierger an hiren Interessi un der Gemengepolitik analyséiert. Dës perséinlech Donnéeën ënnerleien der computeriséierter Dateveraarbechtung, déi am Kontext vun der Veraarbechtung vun dëser Ëmfro néideg ass. D’Gemeng Stengefort wéi och d’Firma, déi fir d’Evaluatioun vun dëser Ëmfro zoustänneg ass, wäerten Zougang zu dësen Informatioune kréien. D'Donnéeën, déi Dir ugitt, gi fir déi néideg Period gehale fir déi uewe genannten Zwecker ze erfëllen oder soulaang wéi d'Gesetz et verlaangt.
Am Aklang mam Reglement( EC) 2016/679 iwwer d'Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer déi fräi Beweegung vun esou Donnéeën, hutt Dir d'Recht den Zougang, d‘Korrektur, d‘Läschen oder d‘Restriktioun vun der Veraarbechtung vun Ären Donnéeën unzefroen. Dir hutt d'Recht fir géint d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën Asproch anzeleeën, d'Recht Är Donnéeën ze dereferenzéieren an d'Recht fir eng Entscheedung aus engem automatiséierte Prozess unzefechten. Dir hutt och d'Recht eng Plainte bei der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD) ze maachen, wann Dir mengt datt d'Veraarbechtung vun Ären Donnéeën net dem Gesetz entsprécht.
Fir Är Rechter déi vum Gesetz erlaabt ginn auszeüben oder Är Zoustëmmung fir d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Informatiounen zeréckzezéien, mellt Iech w.e.g. beim Dateschutzbeamte vun der Gemeng Stengefort per E-Mail un: dpo@steinfort.lu oder per Post un:
DPO - Commune de Steinfort 4, Square Patton L-8443 Steinfort.
Andeems Dir un dëser Ëmfro deelhëlt, sidd Dir mat der Benotzung vun Äre perséinlechen Donnéeën fir den Zweck vun dësem Questionnaire averstanen. Mir soen Iech am Viraus Merci fir Är wäertvoll Participatioun.
Deelen: