Entwécklung vu Grass
#mirsistengefort Biergerbedeelegung
Am Kader vun der Entwécklung vu Grass mécht d’Gemeng Stengefort eng Ëmfro fir méi iwwert d’Besoinen an d’Erwaardunge vun de Bierger.innen an Entreprisen vu Grass gewuer ze ginn. Verschidde Méiglechkeete fir d’Liewensqualitéit ze verbessere ginn dann an engem Workshop diskutéiert.
Andeems Dir matmaacht, hutt Dir d’Méiglechkeet aktiv d’Mesuren ze beaflossen, déi am Kader vun der Entwécklung vu Grass ëmgesat ginn. All Awunner.in aus der Gemeng Stengefort ass invitéiert un dëser Ëmfro deelzehuelen. D’Resultater ginn op der Internetsäit vun der Gemeng publizéiert, nodeems se wärend engem partizipative Workshop presentéiert goufen. Dëse Workshop baséiert op den Äntwerten déi aus der Ëmfro ervirginn a Verbesserungsvirschléi fir d’Beräicher “Zentrum”, “Zesummeliewen”, “Mobilitéit” a “Gréngflächen” ginn zesummen diskutéiert.
Um Enn vum Questionnaire kënnt Dir tëscht zwee Datumer wielen an domadder uginn, wéi een Iech am Beschte fir de Workshop passt. Et handelt sech awer dobäi net em eng verflichtend Umeldung.
D’Ëmfro dauert tëscht 5 an 10 Minutten a gëtt anonym duerchgefouert. D’Informatiounen déi iwwer de Questionnaire gesammelt ginn, gi genotzt fir d’Bedierfnesser fir d’Entwécklung vu Grass ze analyséieren an esou d’Liewensqualitéit vun den Awunner.innen ze verbesseren.
Informatioun iwwer d'Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën
Andeems Dir un dëser Ëmfro deelhuelt, sidd Dir mat der Veraarbechtung vu bestëmmte perséinlechen Donnéeë fir den Zweck vun der Veraarbechtung vun dësem Questionnaire averstanen. Mir soen Iech am Viraus Merci fir Är wäertvoll Participatioun.
Am Kader vun der Evaluatioun vun dëser Ëmfro ënnerleie verschidde gesammelt perséinlech Donnéeën enger néideger Computerveraarbechtung. D'Zil vun dëser Informatiounsnotifikatioun ass Iech op eng transparent Manéier z'informéieren iwwer wéi mir Är perséinlech Donnéeën am Aklang mat der Regulatioun (EU) 2016/679 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune bei der Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun Donnéeën (RGPD) veraarbechten.
Verantwortleche fir d’Veraarbechtung
Stengeforter Gemengeverwaltung, vertrueden duerch de Schäfferot.
4 Square Patton, L-8443 Stengefort
Tel: (+352) 39 93 13 1
E-Mail: service.secretariat@steinfort.lu
Dateschutzbeoptragten
ProNewTech S.A.
E-Mail: dpo@steinfort.lu
Perséinlech gesammelt Daten
Déi gesammelt a veraarbecht perséinlech Daten enthalen:
- Geschlecht
- Alter
- Wunnuert
- Aarbechtsplaz
Zwecker vun der Dateveraarbechtung
Är perséinlech Donnéeë gi fir déi follgend Zwecker gesammelt a veraarbecht:
- Meenungen a Virschléi vun de Bierger iwwer d'Liewensqualitéit zu Grass sammelen.
- D'Bedierfnesser an d'Erwaardunge vun den Awunner analyséieren.
- Virbereedung an Organisatioun vun Diskussiounsworkshops fir d'Liewensqualitéit ze verbesseren.
- Kommunikatioun mat Participanten iwwer d’Resultater vun der Ëmfro an zukünfteg Initiativen.
Empfänger vun den Donnéeën
D'Empfänger vun Äre perséinlechen Donnéeë sinn:
- Déi intern Servicer vun der Stengeforter Gemengeverwaltung.
Dauer vun der Datespäicherung
Är perséinlech Donnéeë gi fir déi néideg Zäit gespäichert, fir déi uewe genannten Zwecker z'erreechen a fir eng maximal Period vu 5 Joer nom Ofschloss vun der Enquête, ausser et gëtt eng spezifesch gesetzlech Verpflichtung déi eng méi laang Retentiounsperiod erfuerdert.
Date Sécherheet
Mir huelen entspriechend technesch an organisatoresch Moossname fir Är perséinlech Informatioun vu Verloscht, Déif, onerlaabten Zougang, Verëffentlechung oder Ännerung ze schützen.
Är Rechter
Dir kënnt Äert Recht op Informatioun, Korrektur, Läschen, Widderstand oder Restriktioun zu all Moment ausüben. Fir dëst ze maachen, mellt Iech w.e.g. bei eisem Dateschutzbeoptragten op dpo@steinfort.lu oder per ugemellte Bréif un follgend Adress:
DPO - Commune de Steinfort
4 Square Patton
L-8443 Steinfort
Dir kënnt och eng Plainte bei der Commission Nationale de Protection des Données (CNPD) maachen, wann Dir mengt datt Är Rechter net respektéiert goufen.
Deelen: