Zesummeliewen
#mirsistengefort; integration; vivre-ensemble Ëmfro am Kader vun der Erstellung vun engem kommunalen Aktiounsplang
Presentatioun vun de Resultater vun der Bierger(innen)ëmfro
Nom Sondage 2021 geet 2022 direkt lass mat der Präsentatioun vun den Resultater fir opgrond vun dëser Analyse an den nächsten Wochen den Aktiounsplang auszeschaffen. Sidd live dobäi iwwer Stream de 6. Januar 2022 um 19h00 wou d’Resultater vun der Bierger(innen)ëmfro, déi am September/Oktober 2021 an der Gemeng duerchgefouert gouf, presentéiert ginn. Op Grond vun der aktueller sanitärer Kris wäert dëst per Videokonferenz op eiser Internetsäit www.steinfort.lu stattfannen. Dir wäert ausserdeem d’Méiglechkeet hunn är Froen ze stellen.
Dës Presentatioun wäert op lëtzebuergesch stattfannen. Eng direkt Iwwersetzung op franséisch gëtt proposéiert.
Inhalt mellen den net zoulässeg ass
Ass dësen Inhalt net zoulässeg?
Deelen: