Zesummeliewen
#mirsistengefort; integration; vivre-ensemble Ëmfro am Kader vun der Erstellung vun engem kommunalen Aktiounsplang
D'Gemeng Stengefort huet d'Entscheedung getraff an Zesummenaarbecht mat hire Bierger a Biergerinnen, e kommunalen Aktiounsplang opzestellen. D'Ziel ass et d'Qualitéit vum Zesummeliewen ze fërderen an an engem Aktiounsplang Prioritéiten, Moossnamen an Aktioune festzehalen, déi an deene kommende 4 Joer ëmgesat solle ginn. D'Schlësseltheme vun dësem Projet sinn d'Jugend, d'Senioren, d'Integratioun an d'Chancëgläichheet.
Fir méi iwwert Är Besoin'en a Wënsch gewuer ze ginn, brauche mir Är Ënnerstëtzung a Participatioun. Mir wieren dankbar, wann Dir eis Är Meenung zu dëse wichtegen Themen unhand vun dësem Froebou matdeele géift.
D'Auswäertung vun der Ëmfro gëtt vun engem externe Beroder gemaach. D'Anonymitéit vun Ären Äntwerten ass deemno absolut garantéiert.
Um Schluss vum Questionnaire hutt Dir d’Méiglechkeet un engem Gewënnspill deelzehuelen wat am Kader vun der Ëmfro stattfënnt an ee vun 10 Bongen am Wäert vu jeeweils 50€ ze gewannen. D’Bonge kënnen an eise lokale Commerce ageléist ginn. D’Donnéeën, déi am Kader vum Gewënnspill gesammelt ginn, ginn onofhängeg vun der Ëmfro behandelt, sou datt keng Verbindung gemaach ka ginn.
Bei Froen oder méi Informatiounen, kënnt Dir de Service Égalité des chances vun der Stengeforter Gemeng kontaktéieren (jil.thurmes@steinfort.lu). Bei technesche Problemer went Iech wgl. un d'Kooperativ De Reso (26540524-22 oder dereso@4motion.lu), déi d'Gemeng bei dësem Projet ënnerstëtzt.
Mir soen Iech Merci fir Är Disponibilitéit an Äert Engagement.
De Schäfferot.
Deelen: